Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Éischt Chrëschtfeier vum Pontalize an der Däichhal.

Ettelbréck. Well an dësem Joer den Pontalize säin 10. Gebuertsdag gefeiert huet, hunn déi Responsabel aus dem Haus sich iwwerluecht, firwat net och Chrëschtfeier méi grouss an, an engem aneren Kader opzezéien. Sou goufen Bewunner aus dem Pontalize an Däichhal geplënnert, wou se do mat hirer Famill an Frënn gefeiert hunn.

Um 11.30 Auer goung et lass mat engem Concert Apero, gespillt vum Lex Kauffmann. Duerno stoung dann den Chrëschtmenü um Programm. Beim Kaffi an Dessert huet d’Strëpp „Crazy Cube“ albekannten Melodien an Chrëschtlidder gespillt. Zum Ofschloss gouf et eng grouss Tombola wou bal jidder Bewunner aus dem Pontalize en Preis gewonnen huet.

Ouni Zweiwel, en gelongent Fest, wou déi 352 Gäscht, alleguer den Haaptpräis gewonnen hunn. (RoOe)