Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Den Ettelbrécker Schoulgaart gouf ageweit

De 17. Juni 2022 gouf de Schoulgaart, am Bäisinn vum Ettelbrécker Schäffen-a Gemengerot ageweit. Initiéiert gouf de Projet vum Klimateam vun der Ettelbrécker Grondschoul.

De Gaart gouf iwwert de Wanter 2020 vum Klimateam, an Zesummenaarbecht mam Service des Régies vun der Gemeng an dem Projet Arcade realiséiert. Zënter hier hunn d’Kanner aus all de Zyklen d’Méiglechkeet fir mat hiren Enseignanten an de Schoulgaart ze goen an ze léiere wéi ee saisonaalt Geméis an Uebst ubaut, natierlech ouni Pestiziden.

An enger Zäit vu Klimawandel, Ressourceknappheet, Biodiversitéitsverloscht ass et fir d’Klimateam vun der Ettelbrécker Grondschoul wichteg, dass d'Kanner (an déi Erwuessen natierlech och) sech erëm mat der Natur verbannen, natierlech Prozesser erliewen, novollzéien a verstinn.