Um Dag vum Buch a vun den Autorerechter hat d’Schoul vun der Education Différenciée vu Waarken eng ganz Rei Aktivitéiten an Atelier’en ronderëm d’Buch organiséiert. Een dovunner goung ëm d’Obdachlosegkeet zu Lëtzebuerg. D’Liz Schumacher an d’Lucie Schares haten dofir d’Christiane Grün invitéiert, déi dat Thema an hirem neien Buch “Clodo” kandgerecht verschafft huet.
D’Autorin huet hirem jonke Publikum vun der Frëndschaft erzielt tëscht dem klenge Claude, dat jiddereen “Clodo” nennt, an dem Daniel, deen op der Strooss lieft. Si huet och erkläert, wat et bedeit, keen Dag méi iwwert dem Kapp ze hunn a wéi deenen Leit gehollef gëtt.
Déi jonk Nolauschterer hu vill Matgefill gewisen mat de Personnagen aus der Geschicht awer och mat deenen Leit, fir déi dat, wat dem Daniel passéiert ass, batter Realitéit ass. Si hunn um Enn nach vill Froen gestallt an och iwwert dat geschwat, wat si am meeschten beréiert huet.