Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Beim zweeten Essai huet et geklappt

No véier Joer Ausbildung am administrative Bereich, dei hinnen erlabt direkt schaffen ze goen oder nach weiderführend Studien ze maachen, hunn d’Schülerinnen vun der Division administrative et commerciale hiren Ofschlossexamen, den “Projet intégré final” (PIF).

Mee wéi bei den meeschten Examen klappt et och beim PIF net ëmmer beim 1. Versuch. Dofir ass d’Freed dann nach méi grouss, wann een den Rattrapage gepackt huet.

4 Schülerinnen vun der Ecole Privée Sainte-Anne konnten sech dëst Woch iwwert hiren Diplôme du technicien freeën, deen si an enger klenger Zeremonie vun hirem Direkter Georges Kayser iwwerreecht kruten. Esou kuerz virun Chrëschtdag ass dat bestëmmt hiren schéinsten Cadeau.