Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Access Angels - Betreiung op der Foire agricole

Fir den Accueil, d’Betreiung an d’Orientatioun vun de Visiteuren op der Foire agricole setzt d'Gemeng Ettelbréck Access Angels an. Absënz Menschen mat enger Mobilitéitsaschränkung (z.B. Handicap) gëtt déi 3 Deeg an den Däichwisen zu Ettelbréck (5.,6.,7.Juli) op Wonsch eng perséinlech Betreiung ugebueden. Donieft probéieren déi mobil Infopoints de Visiteuren esou gutt wéi méiglech op Froen ze äntwaren.

D’Gemeng Ettelbréck engagéiert sech 2013, dass ALL Mënsch vum Programm vun der Foire agricole profitéiere kann. Dofir ginn d’Access Angels agesat, fir deem Usproch gerecht ze ginn.

* D’Access Angels, also Schüler a Studenten, hunn eng Formation de base (infohandicap, ADAPTH, Gemeng)

* D’Access Angels kënnen zum Beispill engem Visiteur mat Séischwächt oder enger eelerer Koppel (ee Partner am Rollstull) eng 1-1 Begleedung ubidden – dat och iwwert eng Stonn oder och méi laang

* Begleedhënn sinn um ganze Site vun der Foire agricole autoriséiert

* Den Accueil maachen d’Access Angels bei der Caisse bei der Haaptentrée (Côté Däichhal)

* Bei der Däichhal si Parkplazen fir Automobilisten mat enger bloer Kaart virgesinn

* Leit aus dem ganze Land kënne sech bei der Gemeng um Tel. 819181-1 umellen. Dëst erméiglecht dem Organisateur fir sech op d'Demande kennen optimal virzebereeden.

* De Programm vun der Foire agricole steet op www.fae.lu