Wählen Sie Ihre Nachrichten​

912 Euro fir d'Croix-Rouge

Am Kader vun den 100 Joer Croix-Rouge Lëtzebuerg hunn 5 Entitéiten vun der Croix-Rouge de leschte Samschden an der Ettelbrécker Foussgängerzone een Informatiouns-, Verkafs- an Gewënnstand opgericht. Ze schmaachen gouf et hausgemaachte Wäffelcher, Cakepops, Muffins an een erfrëschenden Cocktail Hugo (ouni Alkohol).

Bei dëser Aktioun koumen 912 Euro an d'Caisse - an dat während 4 Stonnen Reen um Stéck. Dës flott Somme geet un d'Croix-Rouge, fir hir Servicer hei am Land ze ënnerstetzen.

Um Stand zu Ettelbréck present waren:

- Croix-Rouge Sektioun Ettelbréck
- Bluttspender Ettelbréck
- HELP Nordstad / HELP Veianen
- Crèche Birdener Butzen
- Epicerie sociale Rollingen

Nieft Informatiounen iwwert e.a. de Soins à domicile HELP, dem Bluttspenden an dem Accueil an der Crèche Birdener Butzen gouf et apart Gewënn bei eiser Lotererie:

De Gewënner vun der Rees op Paräis (Sponsor: Voyages Flammang) heescht Mike Pena. Den Här Silvio Escolastica Correia ka sech iwwert eng Fahrt mam Ballon (Sponsor: Ferronnerie d'Art Nico Betzen) freeën.

Mir soen alle Fräiwëllegen ee grousse Merci fir d'Ënnerstëtzung!

D'Sponsoren kréien och ee spezielle Merci:

- Voyages Flammang

- Ferronnerie d'Art Nico Betzen