Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Scheckiwwerreechung vam Benefiz-Concert

Mat enger generéiser Spend van 11.111 Euro haaten Chorale van Eschweiler (Woltz) den Projet "Lycée a Dabesma" vam Benefiz-Concert zu Cliärref ënnerstëtzt. 80 Sängerinnen a Sänger aus den nördlichen Choralen mat enger Musikband han den 07. an 08. Februar ënnert der Léedung vam Yves Plier gesongen. Bei zwee Optrëtter an der Hall zu Cliärref gouf een gutt gefëllten Lidderprogramm goufen virgedroen. Weltlich Lidder wéi: " You raise me up, Ich wollte nie erwachsen sein, Rolling in the deep, Marmor Stein und Eisen bricht, Aquarius/ let the sunshine, Über den Wolken, Hakuna Matata, Can you feel the love tonight, Mamma Mia......a na vill méi. An der Paus gouf den Projet vam Loïc Dewez virgestallt. Dësen Projet ënnerstëtzt eng Lycéeschoul zu Dabesma am Burkina Faso. Van denen zwou ausverkooften Virstellungen wou en ganzt Joer geplangt an geprouft gouf wor jiderreen frou iwwer den onerwaarten Erfollig.