Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Scheckiwwerreechung vun der Amicale vum Domaine Schoumansbongert un d‘ASA Asbl

D’Amicale vum Domaine Schoumansbongert ënnerstëtzt zënter 2007 d’Haus an d’Bewunner.

D’Joer iwwer ginn verschidden Aktivitéiten gemaach fir all déi néideg Saachen beschafen ze kënnen zum Wuel vun de Leit : eng Chrëschtfeier fir Bewunner an hir Familljen, d’Summerfest an esou weider.

D’Memberen vun der Amicale sinn sech net ze Schued fir bei anere Veräiner unzeklappen, wann mol méi eng grouss Uschafung usteet, an si fannen ëmmer en oppent Ouer.

Den 08.06.2018 hunn si ee Scheck vun 9.000 € un d’ASA Asbl iwwerreecht.

Fir deen Betrag ze erreechen hunn dës Kéier gehollef: d‘CSV vun der Gemeng Fréiseng mat 1.000 €, d‘Fraen & Mammen vun Uespelt mat 2.000 € an een anonym Spender 1.000 €.

D’ASA huet den Muffin, den Assistenzhond deen zënter Mee am Haus schafft, parrainéiert. Matt hirem Don hunn si een gudden Deel zur Finanzéierung vum Muffin bäigedroen. Esou een fäerdeg ausgebilten Hond kascht 17.000 €.

De President vun der ASA, Dr. D. Nash an Nelly Nash waren zesummen mam Exi an dem Lions op dëser klenger Feier präsent. Si hunn der Amicale een risegrousse Merci ausgesprach fir den generéisen Don. Den Muffin bréngt ganz sécher all Dag vill Freed an d’Liewen vun de Bewunner!