Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Patasch'as World spend un d’ASA


d’Natascha an den Patrick vun Patascha’s World hu virun Kuerzem dat éischt Freizeitmobil-Treffen zou Wäisswampech um Séi organiséiert.

Vill Leit hunn hir Invitatioun ugeholl a sinn op déi schéine Site koum fir bei herrlechem Wieder é super Week-end ze verbréngen.

D’Organisateuren haten eng Tombola virbereed an et si ganz vill Lousen kaaft ginn. Den Erléis vun dëser Tombola ass un d’ASA asbl gespent ginn.

Déi Verantwortlech vun der Associatioun konnten sech iwwert déi schéin Zomm vun 1273€ fréien.

E grousse Merci un d’Fréizäit-Nomaden mat Häerz vir Assistenzhonn!