Wählen Sie Ihre Nachrichten​

D'Kanner vun Ell sammele Stëpp fir d'ASA

An, wat maacht Dir mat Äre Stëpp?

Hei zu Ell sammele mir se!

Op Initiative vum Gaby Nothum aus dem Service d’Hygiène vun der Gemeng, hunn d’Kanner aus der Schoul «um Fräschepillchen» an d’Gemeng Ell virun dräi Joer ugefaangen d’Stëpp vun de PET-Fläsche fir d’Aktioun «E Stopp fir e Mupp» ze sammelen.

Den éischte Schouldag konnten si houfreg aacht Big Bags mat 1180 Kilo Stëpp un d’ASA asbl - Amicale vun der Schoul fir Assistenzhonn iwwerreechen.

D’Madamm Nelly Nash huet hinne vill Erklärungen iwwert dës Hënn ginn an zwee vun hinne waren och matkomm fir ze weise wat si an hirem Alldag leeschte kënnen.

D’Kanner, d’Léierpersonal grad ewéi Memberen aus dem Schäffen- a Gemengerot konnte staune mat wéi enger Disziplinn d’Hënn hir Uweisungen ausgefouert hunn.

Si hunn ënnert anerem Schlësselen opgeraf, Händschen ausgedoen, se sinn de Kanner ënnert de Been erduerch gelaf a kruten esou guer hir Zänn gewäsch.

D’Hënn maachen a Frankräich bei «Handi’Chiens» eng Ausbildung vu ronn 2 Joer iert si an déi verschidden Domainer agesat kënne ginn.

E fäerdeg ausgebilten Hond kascht 17.000€, anescht ausgedréckt: 55 Tonne Stëpp!

D‘Asa a.s.b.l. finanzéiert des aussergewéinlech Hënn, déi an Alters- a Fleegeheemer, a Schoulen an a Maison Relais, bei kierperlech a geeschteg behënnert Kanner an der déierengestützten Therapie agesat ginn.

D’Kanner aus dem Fräschepillchen an d’Gemengenautoritéiten sinn sech eens – si sammele weider!

A wéi ass et mat Iech? Fänkt och dir un mat sammelen an ënnerstëtzt d’Aktioun « E Stopp fir e Mupp»

Fir weider Informatiounen iwwert ASA a.s.b.l oder Handi’Chiens kuckt op :

www.Asa-asbl.lu www.Handichiens.org