Wählen Sie Ihre Nachrichten​

D'Sandra Lakie spend 1.081,60 € un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner

D'Sandra Lakie ass eng engagéiert Kënschtlerin dat een vun sengen Biller zum Verkaf gebueden huet, an esou konnten d'Leit déi intresséiert woren fir dat flott Bild bidden. Mat senger mega flotter Aktioun ass esou eng Kollekte vun 1.081,60 € zesumme komm, déi an engem flotten Kader bei der Associatioun Alive Plus a.s.b.l. zu Esch un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner iwwerreecht ginn sinn.