Wählen Sie Ihre Nachrichten​

BENU PopUp Shop Festival

31
Jan
31 Jan 02 Feb

Feier zesumme mat eis eisen neien, provisoresche BENU PopUp Shop!
Fir eis kierzlech Plënneraktioun an eise provisoresche PopUp Shop vu BENU COUTURE ze feieren, organiséiert d'BENU Team dräi ganz besonnesch an awer ganz ënnerschiddlech gratis Events!

Kuck Dir eise Programm hei drënner un a  komm bei eis, wann s Du kanns a wëlls!

FREIDEN 27.01.23 - BENU NOCTURNE
Zäit: 18:00-21:00
Adress: BENU PopUp Shop, vis-à-vis vun 11 Bd Prince Henri, L-4280 Esch-sur-Alzette
Komm fir e puer Drinks an ee gemittlechen Austausch um Freidegowend laanscht!
De BENU Shop wäert exklusiv op hunn, fir Dech z’ëmfänken an Dir d’Méiglechkeet ze ginn, wärend dësem speziellen „Afterwork“ Owend d’Welt vu BENU COUTURE z’entdecken.

Wat Dech erwaart…

Eng Decouverte Nocturne vun eisem neie PopUp Shop

Ee gemittlecht Zesummesi ronderëm e Glühwäin an anerem Gedrénks

Een entspaanten „Afterwork“ zesumme mam BENU Team

--

DËNSCHDEG 31.01.2023 - D'Wourecht hannert d'Textil Spenden
Zäit: 18:00-21:00
Adress: BENU PopUp Shop, vis-à-vis vun 11, Bd Prince Henri, L-4280 Esch-sur-Alzette Wousst Du, dass "gespent" Gezei an Textilien dozou bäidroen, dass am Ghana dee gréisste Secondhand-Kleedermarché vun der Welt entsteet? An dass e Groussdeel dovun iergendwann op de Stränn vum Ghana ugeschwemmt gëtt, an domat d’Land an d’Mier verknascht? Tatsächlech landen zu Kantamanto all Joer iwwer 40.000 Tonne Gezei - wat gréisstendeels iergendwann a Länner vum globalen Norde (z.B. Lëtzebuerg) kaf a „gespent“ gouf ... Wéi ass esou eppes iwwerhaapt méiglech? Tausch Dech mat eis op engem Dënschdegowend iwwer d’Realitéit vum Kleederspenden, iwwer dat „gutt Gewëssen“ an doriwwer aus, wat s Du haut maache kanns, fir endlech eppes ze veränneren!

Speziell Gäscht: THE REVIVAL (visioconference), ee staarke Partner am Ghana

Wat Dech erwaart…

E kuerze Film iwwer d’Textilsituatioun a Ghana

Eng Austauschsessioun mat THE REVIVAL

Eng Austauschsessioun iwwert d’Textilsituatioun zu Lëtzebuerg, geleet vu BENU

Leckert Gedrénks an Zopp, fir Dech waarm ze haalen


---

DONNESCHDEG 02.02.2023 - BENU PubQuiz
Zäit: 19:00-21:30
Adress: BENU PopUp Shop, vis-à-vis vun  11, Bd Prince Henri, L-4280 Esch-sur-Alzette
Bass Du prett fir e léierräiche Quiz-owend mat BENU?
Mir invitéieren Dech, op engem Donneschdegowend op spilleresch Aart a Weis beandrockend Tatsaachen iwwer d’Textilindustrie z’entdecken an dobäi „rescued" Fingerfood a Gedrénks vu BENU SLOOW ze genéissen. Bréng Frënn a Famill mat - mir këmmeren eis ëm de Rescht!

D’Plazen si begrenzt! Reservéier Dir dofir schonn elo Deng gratis Platz iwwer dëse Link: https://www.eventbrite.com/e/benu-pub-quiz-tickets-515539621887

Wat Dech erwaart…

Eng Decouverte Nocturne vun eisem neie PopUp Shop

En 2x 40 Minutte PubQuiz iwwer d’Welt vum Textil

Hausgemaachent Gedrénks a Fingerfood

An natierlech... Ganz vill Spaass!