Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Busarrêt an Privatterrain a Konkurrenz!

Um Knupp, 10 Erpeldang/Wolz.

De Busarrêt as an der Stroos CR 325 "Um Knupp": Dat as just e schmuelen Trottoir vun 1,1 Meter fir Fousgänger an Busbenotzer, wann en dat iwerhapt Trottoir nennen kann, de Rescht as mein Privatterrain virun mengem Haus!

Dofir kann ech mech nët sou richteg, fir den Busarrêt virun menger Diir begeeschteren.-

Ech muss bal färten fir Rollueden vun der Fënster ganz opzeman, wëll ech soss allen Blëcker vun Passanten an och nach den Buspassagéier am Bus selwer, ausgestallt sin.

De Bus soll zwar ganz an der Strooss CR 325 ston bleiwen, fiirt awer öfters méi op Säit eriwer, an Passagéier klammen dann do raus, an lafen virun mengem Haus iwert mein Terrain, och de Fahrplang vum arrêt steet op privatem Terrain.

Dofir hun ech och Blummebacken mat Genehmigung vun de Ponts & Chaussées dohin gestallt, fir mein Terrain ze markéieren.

Mir gehéieren genau 2,28 Meter Terrain vun menger Hausfaçade un, a Richtung CR 325.

Also bleiwt do nët méi vill Terrain fir den Trottoir publique, ongeféier 1,10 Meter Trottoir + 0,48 Meter Revär (Strassenrinne) = as en Total 1,58 Meter bis zum Strossenbelag.

Dat brëngt dann och mat sech, dass ech oft Studenten do ston hun, déi virun menger Diir op é Bus warden, oft Kaméidi do schlon an hiren Offall & Zigaretten do och op mein Terrain ewech puchen. Dorop soll jo eng Strof ston, op Zigaretten ewech puchen?

Ausserdem as d'Situation vum Busarrêt ganz ongéinsteg, well se liewensgeféierlech as, op deser Platz man Busarrêt virun dem Zebrastreifen iwert Strooss.

Oft iwerhuelen Auto'en direkt den Bus, wann en um Arrêt stoen bleiwet, dobei gin an desem Moment schon Busbenotzer iwert den Zebrastreifen. Just e Wonner dat do nach kén ugestouss gin as.

Beim Noper op Nummer 12, do as et nët besser, wëll do as amplatz vun engem Trottoir eng grouss Grünanlag ugeluegt gin, an dofir mussen Foussgänger dann iwert dem Noper sein Privatterrain lanscht sein Haus gon, fir nët iwert Stroos oder iwert Grünanlag ze gon.


De Ministère huet mir schon gesot, sie hätten kén Problem domat d'Situatioun ze änneren, an de Busarrêt ze reckelen, awer dat wär un der Gemeng Wolz zesummen man Ponts & Chaussées fir et ze décidéieren an et ze man.

Gemeng Wolz fënd awer dat alles sou perfekt as, sou wéi et elo as, an geseit kén Handlungsbedarf, schliesslech haten sie jo dat "Meestersteck" do, ënner hirer Regie vum hirem Techniker sou realiséiert.

An ech gesin do elo just schlechten Wëll an Sturhét vun der Gemeng fir hir Feeler nët anzegesin, an dofir och näscht wëllen un dem verschassenen Busarrêt ze änneren.

Affaire à suivre...