Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Eng stëpseg Geschicht: d'Hee gëtt op Reihe geschärt

De Reen, dee virun e puer Deeg gefall ass, huet de Baueren Erliichterung bruecht. D'Gras ass dorophin gudd gewues. All Dag e puer Zentimeter. Freides gouf déi grouss Wis bei der Pattonbréck geméint a gläich drop eemol gekéiert. Sonndes nomëttes koum de Bauer an huet dat villt Hee nach emol op Reie geschärt. Dat huet der gestëpst, datt den Trakteur eng déck Wollék hannerunn sëch gezunn huet. De Bauer hat sëch dergéint geschützt, andeems heen séng Kabinn sou gudd wéi méiglech verschloss hat. No kuurzer Zäit war dat färdeg an dat villt Hee loug a parallelle Reihen um Buedem. Well d'Wieder weiderhinn dréche virausgesot ass, kann mar dru geduecht ginn aus deem dréchene kostbare Geschir Botten ze rullen, déi dann och nach agewéckelt an heem an d'Scheier transportéiert gi mussen. Da kann séch berouegt zréckgeluegt an entspaant ginn.