Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Autofräien Sauerdall 19. September 2021, e groussen Erfolleg

Bei schéinem Wieder hate vill Lait décidéiert, vum autofräie Sauerdall ze profitéiren an déi schéin Streck laanscht d'Uewersauer mat dem Velo, oder och alt zu Fouss ze genéissen. Ënnerwee konnt een sëch bei flotter Musék mat dem DJ Gildo néierloossen an sëch stärken mat Gedrénks, Bréidercher, Eisekuchen a Gegrilltem. Do gouf och alt gefachsimpelt. De Minister Schneider wor och do, sou wéi d' Ettelbrécker an d' Ierpeldenger Buergermeeschteren. Fir déi Kleng war e Parcours virgesinn, wou een séng Kënschten um Velo konnt weisen ënnert dem Applaus vun den Elteren. Dësen Dag wäert deene villen Participant'en a gudder Erënnerung bleiwen.