Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Éierung vun de Gemengevertrieder zu Iernster

Iernster feiert seng Vertrieder am Gemengerot


Iernster huet knapp 400 Awunner an awer no de Wahle vum 8. Oktober dräi Vertrieder am Gemengerot. Déi dräi Iernster Veräiner CTF, Chorale Ste Cécile a Stoussnéckelen hu fonnt, dat misst gefeiert ginn. Duerfir hunn si viru Kuerzem d’Duerfleit invitéiert fir den Tun Geyer (Consellier), de Fréd Ternes (Scheffen) an de Conny van der Zande (Consellier) ze éieren. Nieft beschte Wënsch fir hir Aarbecht am Déngscht vum Bierger hunn déi Dräi och eng gréng Planz kritt an hir Dammen e schéine Bouquet Blummen. Bei engem Patt, engem klenge Maufel a ville Gespréicher ass dee gemittlechen Owend op en Enn gaangen.