Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Schoulsportdag zu Iermsdref

Viru kuerzem huet sech d' Léierpersonal aus der Schoul vun Iermsdref net vun dem kalen an naasse Wieder ofbrénge gelooss, fir mam Kim Kirchen zesummen de Schoulsportdag z'organiséieren.

No engem klenge Warm-up an de Feldweeër rondrëm d'Schoul hunn d'Kanner mat hire Jofferen de Kim Kirchen kënnen an hirer Schoul begréissen a säin aktuelle Projet „Sécher um Vëlo“ virgestallt kréien. Während enger ganzer Stonn konnte si du mat professioneller Hëllef méi geschéckt Vëlofueren bäibruecht kréien, a ganz vill Kanner hunn iwwerhaapt mol geléiert Vëlo fueren.

Dee ganzen Dag stung ënnert dem Thema „Rullen“. A verschidden Atelieren konnten d'Kanner mat Rullbriet, Olifu Racer, Dräirad a Vëlo sech fräi beweegen, bis et un hirem Tour bäim Fuertraining mat hirem Vëlo-Star war.

Den Dag gouf mat ville laachende Gesiichter ofgeschloss, a vill Leit ware frou, dass sou ee flotten Dag organiséiert gouf.(C)