Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Buergbrennen an der Aerenzdallgemeng

29
Feb
2020
29 Feb 01 Mär

29. Februar 2020 : Stegen

19:00 Buergbrennen Pompiers Stegen beim Pompjeesbau Stegen

Em 19:00 Auer geht den Fakelzuch zum Veräinsbau bis bei d’Buerg wou si dann ugefaangen gët.

Duerno, vun 20:00 Auer un zerwéieren d’Pompiers eng Ierzenzopp am Pompjeesbau, mat engem Pättchen ze drénken.

Zopp ass gratis, de Patt ass payant.

Samsdes moies vun 10 :00 Auer un kommen d’Pompiers ophiewen, si huelen och brennbar Material mat, wéi Hé, Stréi, den ale Krëschtbeemchen an … (w.e.g. näischt mat Neel oder Schrauwen). Duerno gët d’Buerg opgeriicht.

1. Mäerz 2020 : Eppeldorf

Samschdes komme mir ab 14:00 Auer duerch d'Duerf ophiewen.

Sonndes gëtt d'Buerg géint 19:15 beim Pompjeesbau gebrannt. Fir z'iessen an ze drénken ass gesuecht. Wee beim Opriichten eng Hand wëll upake, ka Sonndes Mëttes um 14:00 Auer laanscht kommen.

Mir freeën eis op iech!
D’Eppelduerfer Pompjeeën an d’Eppelduerfer Jugend

Internet: https://eppelduerferjugend.lu

1. Mäerz 2020 : Ermsdorf

Beim Waasserbaséng (rue de Savelborn)

Ab 18:30 Auer Buergbrennen

Duerno gett et eppes z’Iessen an ze Drénken an der Mausfaal

Samsdes gin se ab 10:00 Brennbares duerch d’Duerf ophiewen

Org : Club Des Jeunes a Fliedermeis

https://www.facebook.com/clubdesjeunesermsdorfetfleedermais

1. Mäerz 2020 : Miedernach

BUERGBRENNEN zu MIEDERNACH
um Stackbuer

Programm:
Samsdes Mëttes: Ab 15.00 Auer Ophiewen am enneschten Duerf
Sonndes Moies: Ab 9:00 Auer Ophiewen am Duerf, iwwert de Bierg an zu Suewelbuer.
SonndesMëttes: Opriichten vun der Buerg.
Sonndes Owes: Um 19:00 Auer gëtt d’Buerg ugefaang.

Grill - Glühwäin - Lagerfeier

Organiséiert vum DT “Olympic” MIEDERNACH a.s.b.l.

www.dtmedernach.com