Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Buergbrennen zu Elweng beim Waassertuerm

En Samsten war dat traditionellt Buergbrennen zu Elweng beim Waassertuerm. Um 19 Auer ass den Faakelzuch bei der Schoul fort gangen, den géint 19:20 bei der Buerg beim Waassertuerm ukomm ass.Dou sin déi éicht Fakelen och an d'Buerg gehait gin. Och dest Joer konnt een eng Wett maachen, wou een soen konnt um wéi vill Auer d'Kräiz géif faalen, dest ass dann och um 21:06 gefall. Den Prais fir déi richteg Wett ass een Bong vun 30€ fir op Boermereng an den Fäschenpull iessen ze goen!

Fir Iessen an Drénken war natiirlech och beschtens gesuergt et gouf Ietsenbulli an een waarmen Wupp mat Sauerkraut.

Hei e puer Fotoen mat den impressiounen vum Owend!

Org.: Jugendinitiativ Boermereng