Wählen Sie Ihre Nachrichten​

De Schmartz'e Jos feiert seng 85 Joer

Gebuer gouf de Jos Schmartz de 14.11.1925 zu Ell. D’Primärschoul huet de Jos zu Ell absolvéiert iert hien op Ettelbréck an d’Ackerbauschoul gung.

Hei huet hien den 10. Mee 1940 den Iwwerfaul vun de Preisen erlieft. Séier gouf hie Member vun der L.V.L., der «Lëtzebuerger Volleks Legi’on ». Mä 1943, vun de Preisen agezunn, koum hien an den R.A.D.
op « Bischofsheim an der Rhön ». Nodeems de Jos hei desertéiert hat, gouf hie bis zur Liberatioun vun der Famill Ney vun Ell verstoppt.

Nom Krich huet de Jos an der Eller Musik Klarinett, Saxophon an Tromm gespillt. Mam Camille Ney huet hien 1946 deen 3. Eller Fussballsclub gegrënnt. De 17.07.1957 bestued hien d’Ely Neu vu Biekerich. Aus dëser Hochzäit entsprangen 3 Kanner, 6 Enkelkanner an een Urenkel, de klenge Leo. Am selwichte Joer gouf de Jos an de Conseil gewielt, wou hien als Scheffen 3 Periode matgeschafft huet. Deemools koum de Jos och zu sengem léifsten Hobby, der Juegd. Bis haut.

1961 huet de Jos de Bauerebetrib nom Doud vum Papp iwwerholl. 1987 an 1988 waren zwee Schicksalsjoere, wou de Jos fir d’éischt seng Mamm an duerno seng Fra Ely am Alter vun nëmmen 52 Joer verléiert.

Sengen Hobbyen, der Musik, dem Sport an der Juegd ass de Jos bis haut trei bliwwen. Mat vill Freed a Kënnen schreift hie kleng lokal Geschichten a flott Gedichter iwwer d’Juegd. Bäi aller Beschäftigung bleift ëmmer nach Zäit fir mat gudde Frënn ze feieren a lëschtig ze sinn.

An de Wanter verbréngt hie mat senger treier Séil, dem Liette, am waarme Süden.

Weitere Neuigkeiten von Romain Gaspar >