Wählen Sie Ihre Nachrichten​

De Kierchhinnche vun der Kapell vun Eeseber gouf neigemaach

Wat fir eng Roll d’Schlass an d’Kapell vun Eeseber an der Geschicht vun dësem pittoresken Duerf, no beim Gréngewald, gespillt hunn, dat kann een am Buch vum René Link « Château d’Eysembourg » noliesen. Dës Kapell ass wahrscheinlech no 1685 gebaut ginn, well si ass nach net ernimmt an engem Visitatiounsbericht vun deem Jar vun der Par Steesel, zu deer Eeseber deemools gehéiert huet. An de Berichter vun 1712 a 1750 ass si awer beschriwwen a si misst deemno méi al si wéi d’Schlass. De Journalist Paul Leuck, deen zu Eeseber op d’Welt koum, huet geschriwwen. «Eisenborn besass schon ziemlich früh eine Kapelle, doch ist deren Ursprung, sowie derjenige des hart dabei liegenden Schlosses nicht genau feststellbar. Beide haben jedoch unleugbare Zusammenhänge.. (Luxemburger Wort, 24/25 octobre 1939.) » Et schengt, wéi wann d’Duerfleit d’Kapell selwer gebaut hätten an och eng laang Zäit fir den Ënnerhalt gesuergt hunn. 1992 ass si vum Schlass getrennt ginn a si ass an de Besëtz vun der Gemeng komm ; zënter dem 1. Mee 2018 gehéiert si deem neigegrënnte Kierchefong a si ass eng vun de ville Kierche vun der neier Par Regioun Iechternach St Willibrord. An deenen 300 Jar wou si besteet, ass si scho munnechmol restauréiert ginn ; virun allem huet si en neien Altar kritt. Elo war erëm eng Reparatur fälleg : Den Daach vum Kierchtur hat uerg gelidden an g'Gemeng huet d'lescht Jar beschloss, en nei ze maachen. Bei deer Geleeënheet hunn d’Leit vun der Prefalux de Kierchhinnchen an d’Kräiz och an d’Rei gesat: d’Kräiz krut nei Stäipen, et ass gebotzt an nei ugestrach ginn ; de Kierchhinnchen ass mat Blatgold iwwerzu ginn an elo gesaït en erëm aus wéi nei, vläicht esouguer méi schéin. Eier den Hinnchen erëm op den Tur gesat ginn ass, huet de Paschtouer Francis Erasmy ëm Gottes Sege fir d’Kapell an d’ganz Uertschaft gebiet.