Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Diamanten-Hochzäit zu Äischen

Nodeems d’Koppel schonn am Joer 2008 fir hir gëllen Hochzäit vun de Gemengeresponsabele geéiert gi war, huet sech de Schäfferot vun der Gemeng Habscht et net huele gelooss, fir d’Madame Georgette Dahm an den Här Pierre Meis zur Geleeënheet vun hirer diamantener Hochzäit op eng Receptioun an d’Gemengenhaus zu Äischen ze invitéieren.


Bei engem klenge Maufel an engem Gliesche Schampes hunn déi Geéiert déi eng oder aner Anekdot aus hirem Liewen erzielt, dat si jo elo schonn zënter 60 Joer zesumme féieren. E flotte Blummenarrangement esou ewéi eng gutt Fläsch an eng Kopie vum agerummten Hochzäitsakt vum 5. Abrëll 1958 huet d’Koppel mat heem kritt, verbonne mat den allerbeschte Wënsch vum Habschter Schäfferot.