Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Dag vum Bam 2017

Freides, den 10. November 2017 war et erëm esou wäit an d’Kanner aus dem Cycle 3.1 hunn am Bongert hannert der Primärschoul « Vir Wëller » zu Äischen e puer Uebstbeem geplanzt.


Och dëst Joer hunn d’Kanner aus dem Cycle 3.1 aus der Primärschoul vun der Gemeng Habscht erëm um « Dag vum Bam » deelgeholl an am Bongert hannert der Schoul « Vir Wëller » zu Äischen e puer Beem geplanzt.


Trotz dem naassen Hierschtwieder haten déi kleng vill Freed, fir mat der Ënnerstëtzung vun de Gemengenaarbechter an der Emweltkommissioun d’Lächer ze buddelen, an déi déi jonk Planzen du gesat gi sinn.


No der gedoener Aarbecht huet sech d’Emweltkommissioun et net huele gelooss, fir deene klenge Gärtner als Belounung e Glas Viz an e Boxemännchen zum Beschten ze ginn.