Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Kandaaf

Kollektiv Organisatioun:

Mir sin haut engem Wonsch nokomm vun engem 40 järegem Mann op enger Palliativstatioun.

Säi Wonsch wier et gewiescht Kanddaf vun sengem Jong an sengem Heemechtsland ze zelebréieren zesummen mat sengen Elteren.

Allerdéngs huet den Gesondheetszoustand vum Mann dëst net zougelooss.

Sou hunn verschidden Zännrieder innerhalb vun kuerzer Zäit gegraff.

D'Equipe soignante huet mat der Equipe Médicale op der Palliativstatioun den Kanddaf organiseiert an fir d'Wuelbefannen vum Patient gesuergt.D'Aumôniere huet alles an d'Weeër geleet kuerzfristeg eng Kanddaf ze organiséieren an de Service cuisine huet Kuch an Taart gebak.

D'Wonschkutsch as kontaktéiert ginn als Wonscherfëller an huet kuerzfristeg geschter mat hëllef vun engem Don vun der Ecole Privée Sainte-Anne Ettelbréck Tickete organiséiert fir den Elteren vum Mann et méiglech ze maachen op Lëtzebuerg ze kommen.

3 Bénévolen vun OMEGA 90 hunn fir den gudden Oflaf gesuergt an fir den Kader.

Eng ganz emotional Feier gouf et an mir si houfreg en Deel vun deem ganzen gewiescht ze sinn an en weideren Wonsch vun engem schwéierst kranken Patient erfëllt ze hunn deen den bedéelegten laang an Erennerung bleift.

Jidderengem Merci fir den Asaz

------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------