Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Konscht am "Puddel"

An der Lescht huet sech nees allerhand zu Éinen gedon...
D' Foussgängerbréck iwwer d' Baach ass fäerdeg, mam Summer sinn nees nei Blummen un d'Bréckeglänner komm, an d'Schwanefamill ass gewuess....
Mä nach net jiddferengem ass dat neit Konschtwierk am "Puddel" opgefall.
D'Kënschtlerin Yvette Gastauer-Claire vu Schëffleng, déi deen ausgeschriwwene Concours gewonnen huet, huet hir maansgrouss Figuren opgestallt. Et sinn eng Partie Skulpturen, déi d'Wënzerfamill an hir Aarbecht am Wéngert duerstellen.
Et ass wierklech derwäert, bei engem Tierchen op d'Musel, zu Éinen e klengen Halt anzeleeë fir e Pättchen ze drénken a sech alles genee unzekucken an ze bewonneren.