Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Lipödem Lëtzebuerg a.s.b.l. huet sech mat senge Membere getraff

Op engem sonnegen, waarme Sonnden, dem 09.08.2020, huet sech Lipödem Lëtzebuerg a.s.b.l. getraff mat hire Memberen. Des a.s.b.l. kämpft fir Bekanntheet an eng gerecht Behandlung vun der Krankheet Lipödem. Sie hunn zesummen eng kleng Ronn iwwert de Séi gemaach, déi ganz kleng bliwwen ass, duerch dat waarmt Wieder. An dono sinn se nach zesummen eppes iesse gaangen um Séi. Des Treffe sinn immens wichteg fir d' a.s.b.l. fir Froen ze beäntweren an opzeklären. Dësen Austausch ass dat wat déi betraffe Frae brauchen, well et leider ëmmer nach un villem Wësse feelt an nach ëmmer net genuch vun der Krankheet Lipödem geschwat gëtt. Fanne kann een eis um Internetsite www.lipoedem.lu.