Wählen Sie Ihre Nachrichten​

LCE: Konveniat vun der Promotioun 1992

No 25 Joer hunn déi fréier Première- an Treizième-Schüler vun der Promotioun 1992 sech zu Iechternach am Lycée erëmgesinn. No der Begréissung huet den Direkter Henri Trauffler erkläert, wat et esou Neies am LCE gëtt a während enger klenger Visite duerch d'Gebai déi nei Klassesäll an der renovéierter aler Gendarmerie gewisen. Nom Aperitif am Spigelsall ass beim engem gemittleche Mëttegiessen am Grand-Hotel un déi flott Zäit am Iechternacher Lycée erënnert ginn an un esou munch Spiichten erënnert ginn.