Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Chèque Iwwerreechung un Greenpeace vun der regionaler Museksschoul Iechternach

Am Kader vun eisem Danzspektakel "Les larmes de Gaïa" am Dezember am Trifolion Echternach ënnert der Leedung vum Sieglinde Nies haten d'regional Museksschoul vun Iechternach intensiv mat Greenpeace Luxembourgzesummen geschafft. Doropshin hunn sie decidéiert d'Quête vun hierem Chrëschtconcert un Greenpeace ze spenden. d'Lescht Woch war dann d'Chèque Iwwerreechung am Danzsall vun der Iechternacher Museksschoul an Präsenz vum Direkter vun Greenpeace Raymond Aendekerk, den Mataarbeschter Martina Holbach an Myrna Koster, dem Sieglinde Nies, der Directrice Nadine Eder an dem Directeur-adjoint Marc Demuth.

Foto: Marlene Soares