Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Cabaret Batter Séiss - „Wéi krank ass dat?“

20
Okt
20 Okt

20 H


Et ass der net gutt, du gees bei den Dokter an dee seet der, dass de ferm krank bass. Spéitstens elo stells de him d’ Fro: Wéi krank ass dat? Wat ass méi schlëmm? En Accouchement oder eng Männer Gripp? – Och am Alldag ginn et Leit, déi hunn e komescht Behuelen. Du bass erstaunt iwwert hier Reaktiounen, iwwert hier Äntwerten, hier Aktiounen. Och elo stells der nees d’ Fro: Wéi krank ass dat? – D’Politik mécht leider keng Ausnam. Vill Décisiounen sinn net novollzéibar, si Gëft fir de Fridden, fir d’ Ëmwelt, fir dat normaalt Zesummeliewen. An hirem neie Programm 2018/19 stellt sech de Cabaret Batter Séiss, wenn der wëllt och zesumme mat iech, d’ Fro: Wéi krank ass dat?


Mat Texter a Lidder beschäftegt sech de Cabaret Batter Séiss op seng gewinnte witzeg Aart a Weis mat dëser Fro. Et ass dem Ensembel säin 8. Programm, deen ënnert der Regie vum Rob Wagner steet a vun den Actrice Vicky Wagner a Liette Wilgé, zesumme mat den Acteuren Gérard Heinen a Rob Wagner gespillt gëtt. D’ Texter vun de Sketcher an de Lidder si vum Cabaret Batter Séiss a goufe geschriwwe vum Vicky a vum Rob Wagner. De Programm ass wéi gewinnt an zwee Deeler an all Deel dauert ronn eng Stonn.


Mam:
Rob Wagner, Liette Wiltgé, Vicky Wagner, Gérard Heinen


ca. 120 Min + 20 Min. Paus


TICKETS:

20 EUR Eenheetspräis
12 EUR reduzéiert

Supplément Oweskeess: 2,50 EUR pro Ticket | Kulturpass gëtt akzeptéiert | Gruppenreduktioun ab 5 Persounen 20 %


Ticket Service Echternach
phone + 352 26 72 39-500 (Mo-Sa 9-20 Uhr) ticket@trifolion.lu

oder unter: www.luxembourg-ticket.lu

www.trifolion.lu