Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Serie Kierchtuermspromenaden 5 - Zu Draufelt haust de Biber a Beiën sinn geschätzt.

Draufelt oder Drauffelt a seng 208 Awunner hunn bis Neijoschdag 2012 zur Gemeng Munzen gehéiert…(zënter 1823 bis d‘Sylvesternuecht 2011.) Nom traditionellen Hämmelsmarsch op Kiermessamschdeg am Mee 2011 war do Sonndes fir d’éischt en Zelt mat Concert-Aperitif an d’Jeunesse huet um Grill fir e relaxe Kascht gesuergt!

Draufelt ass Filial vun der Por Pënsch an am Porverband Kiischpelt a war bis 1840 Deel vun der Diözes Namur. 1899 hat eng nei Kierch seng al Kapell ersat. An der Ardennenoffensiv gouf si a bal dat ganzt Duerf an der désastréiser Nuecht vum 21. Januar 1945 ( an där 3. vum Réckzuch) zerstéiert! …

Dee 16 Kilometer breeden däitsche Réckzuch no Osten hat dee Moment zu Lëtzebuerg vum 10. Januar un an enger Woch eleng iwwer 400 Zivilistem d'Liewe kascht! D'Kierch gouf geschwënn opgebaut, d’Plange goufen net “op d'laang Ban” geluet; se krut e flaache Plafong mat decken Dunnen an e neie markante Klackentuerm aus Natursteen. Hire Mobilier ass am Stil deen d’'Englänner ‘Gotik Revival’ nennen. Hir zwou Klacken vu 1902 (vun der Firma Bour & Guenser vu Metz) an zwou eeler Statuen aus dem 18. Jh. bloufen erhalen - déi vun de Patréiner Cornilli a Jokob dem Eeleren - dee ‘Jokob’ vun deem et housch, d’Mëllechstrooss wär fréier no him Jokobsstrooss genannt ginn! Nozedroe bleiwe nach Brécke-Schicksaler; de Gemengewee Äischer-Klierf hat 1852 eng mat Staats- Subsid vun 3800 Frang gebaute Bréck verbessert.



Den ongekierzten Artikel iwwer fannt Dir hei:
http://www.tessyglodt.lu/page/drauffelt.html


Fotos: Archiv LW (John Lamberty, Lé Sibenaler, Serge Waldbillig)