Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Eist klengt Dierfchen mëcht sëch op de Wee - Ee wonnerbart BuergbrennenErliewnis

Drauffelt huet iwert den Daum gepeilt 200 Awunner dovun ob d’mannst 55 Kanner a Jugendlicher a 7 verschidden Nationalitéiten. Di puer „Urgesteiner“ gin ëmmer mi rar, logisch. Et sin der ongeféier 13 fir d’Dozen.

Eist Micheline huet joerzëngtelaang deen aale Brauch vum Buergbrennen iwer Waasser gehaal an d’ganzt Duerf huet him dofir Buergsonndig mat Blummen vun Härzen merci gesoot. Dëst Joër hun Fraiwëlleger aus dem Duerf sech zesummengedunn fir d'Traditioun vum Buergbrennen wéider ze feieren.

Eng Première war dëst Joër och eisen Faackelzuch : vun der aaler Schou’l (1852) laast d’Kierch an de Schwengshiwel bis erop an de Weicherdangerwee.
Esou gudd ewéi daat ganzt Duerf war op de Been fir zesummen d'Faackelen erop bis bei d'Buerg ze droen. Et war eng fantastech Atmosphäre ënnert de Leit an d'Begeeschterung fir dë Faackelzuch war grouss.

Jonk a manner jonk hu vu Samsdës moies un gewuddert. An der aaler Schoul stungen die besten Hausmaaacherkuchen an ët huet herrlich no Kaffi geroch. Vun italieneschen Fueskichelscher bis Nutellaskuch war alles derbai. Och „Drëppschloofen“ (Mich, 4 Joer) a waarme Schocki oder Téi hun nët gefeelt.

Di mi kleng hun ob der behënnerten gerechter Spillplaaz gespillt, di jonk sin bei der neier Schoul ( ca. 1958 ;-)) mam Skateboard geraast an ëmmer waren bei déne Klengen e puer Mammen oder Pappen derbäi.Wéi all Joër gouff och dëst Joër vu Grouss bis Kleng ordentlech Fussball gespillt.

Et war vill Freed, Pabeier an Holz a Suen anzesammelen mat eisen Oldtimertraktoren.
Sonndës gung dun de Spaass weider. Bei der Buerg guff ët Iebëssenbulli mat Mettien, Béier a Softdrinks alles fir 1€. Noo deem gudden Mauffel huet ett kengem méi un eppes gefeelt an géint 21:00h sin di eischt heem gaang , d’Trapp aus, di aaner zereck an di aal Schou’l, an nach aanerer ob Weicherdang bei d’Isabelle fir do nach en Tuer ze danzen.

Méindes moies hun dunn nach epuer flaisseg Hänn vun der Equipe alles gebotzt a geraumt...an enger nächster Buerg 2013 waert no dëser gelongener Festlechkeet naischt méi am Wee stoen!






Marianne Tholl-Hoesdorff a Josiane Bastin-Elsen