Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Ee waarme MERCI un Pompjéen vun der Gemeng Cliärref an un d'Police

Ëm 6:58 AM hun ëch den 112 ugeruff: Kaméinbrand! Ët war eiskaal de moien an ëch haat é gudd Feier am Uewen ugefaang, ze gudd! Ëch wärd daat nie mi maachen an ëch entschëllige mëch, ëch war mir där Gefoer nët bewosst.
Ëm 7:14 AM waren së do, mat 3 Camions: Cliärrew, Hengescht a Munzen. D'Police wor o do. Félicitatiou'nen fir deen exprem rapiden Asaatz.
Ëm genau 8:14 war den exemplarischen Asaatz eriwer an d'Feier war gelescht. Gott sei Dank ass kengem Mënsch an och eisem Haus naischt geschitt.
Ëch war nach nie a mengem Liewen esu opgereegt an ëch wees nët, wi mir all deenen Mënschen, di gehollëf hun, kënnen MERCI soen.
Si haaten du mol keng Zäit fir eng wuelverdingten Taass Kaffi ze drënken. Si hu séier missten ob d'Schaff. Chapeau, wi së zu Drauffelt soen.