Wählen Sie Ihre Nachrichten​

E Moiesspazéiergang zu Draufelt

Et richt no Mee. D'Anemonen hun en wonnerschéinen Teppich an der Lou'heck gewiewt.
Di 2 Noopischen verstin sëch gudd a waarden allebéid ob e Sonnestrahl. D'Pissblumm verduckelt hir Bléi, fir si virun der Keelt ze beschützen.

Et ass nët an der Rei, dat verschidden Menschen eng Wertschätzung vu Planzen maachen noom System " the good guys and the bad guys". Vun der Pissblumm kritt een gudden Zaloot an si ass eng Heelplanz, wéi den Numm ët jo undeit. Si ka jo nët derfir, datt esu vill gedüngt gët a verschiddenen Wisen a Gärt. Si frupst daat eben gär.