Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Porte Ouverte, Traditioun an Spëtzentechnologie

Bei Geleeënheet vun der Porte Ouverte e Samschden, den 6 Juni 2015 am LTPEM gouf och en neien Cours virgestallt, deen ab dem Schouljoer 2015/2016 an der Mëttesstonn ofgehalen gëtt: 3D Drock


3D Drock

Mir ginn dobäi op déi verschidden stereolithographesch
Technologien an deem Beräich an. Mir léieren d'Konzeptioun vun
Baudeeler am 3D um Computer, den Zesummebau vun esou engem
Drecker deen vun Prinzip ganz ähnlech enger CNC- Maschinn gläicht.
Duerno ginn natierlech och Baudeeler op dëser selwer gebautener Maschinn
hiergestallt. Ziel ass et fir d'Kreativitéit an dat technescht Verständnis
vun eisen Schüler ab der Dixième ze förderen. Mir kennen eis gutt virstellen
dass d'Schüler aus der Synergie vun deenen verschiddenen Beruffer een Roboter
kennen hierstellen, wou d'Kenntnisser aus der Mechanik, der Elektro
an der Programméierung vun notzen sinn.


CNC Maschinnen

Am Atelier vun eiser Dréier-Fräser Ausbildung (MF), sinn déi neisten CNC Maschinnen
virgestallt ginn:

Dobäi hunn d'Schüler verschidden Demonstratiounstecker autonom
op der CNC Fräsmaschinn hiergestallt. Dës Maschinnen sinn typescherweis
mat enger Heidenhain Steierung versinn, déi op ganz villen CNC Fräsbänken an
Europa leeft. Nieft klasseschem 2D Fräsen, bidd sech bei dëser Maschinn
d'Méiglechkeet duerch Schwenken an Dréien vum Baudeel eng Beaarbechtung
am Raum (2an1/2D Fräsen) duerchzeféieren.

Desweideren ass och eis nei CNC Dréibänk mat enger Stéierung vum Siemens
virgestallt ginn, heibäi bidden sech enorm vill Méiglechkeeten vis-à-vis vum
konventionellen Dréien. Der Hierstellung vun Kugelen oder Rechteckenbaudeeler
ass op dëser Dréimaschinn bal keng Grenz méi gesat.

Am LTPEM programméiert an simuléiert all Schüler eenzel am Computerssall
op senger perséinlecher Statioun seng Baudeeler a kann se eraschleisen an
op der CNC Maschinn fäerdegen. D'Kenntnisser déi eisen Beruffschüler vermëttelt
ginn, ginn wäit iwwert dat klassescht Dréien an Fräsen eraus: Zolidd
Kenntnisser vun Wierkstoffer, Schnëttparameteren, Werkzeugen, CAD,
Maschinentechnik an Moosstechniken gehéieren zum Beruffsbild.


Op dëser Porte Ouverte waren vill interesséiert Schüler an hir Elteren, an wéi ëmmer eng ganz Rei „anciens élèves“ déi sech de Lycée op Dummeldeng ukucken komm.
Do konnten si dës traditiounsräich awer och ganz modern Schoul vum engagéierten Léierpersonal gewisen kréien..
Fir den theoreteschen Unterrecht a ganz besonnesch fir den cycle inférieur, stinn multimedial equipéiert Klassesäll zur Verfügung. D’Elteren konnten sech och beim kompetenten Schoulpersonal iwwer d'Cours d'Appuien, d'Etudes Surveilléen an déi variéiert niewenschoulesch Aktivitéiten renseignéieren.

An enger flotter Ambiance konnt jiddereen d'Virdeeler vun dëser aussergewéinlecher Schoul gesinn.

Am Moment sinn nach Aschreiwungen méiglech. (Renseignementer iwwer www.ltpem.lu oder um 43 90 61 -1)