Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Porte Ouverte am Lycée Technique Privé Emile Metz

Vill interesséiert Schüler an hier Eltere waren e Samschden den 19. Mäerz an de LYCEE TECHNIQUE PRIVE EMILE METZ op Dummeldeng komm.

Den LPTEM bitt all Formatiounsweeër un, déi et am Secondaire Technique gëtt.
Ugefange mam Cycle Inférieur (7ème, 8ème an 9ème) wou d’Schüler a multimedial equipéierte Klassesäll vum Enseignant mat grousser Disponibilitéit encadréiert ginn.

Am Cycle Moyen bidden sech folgend Méiglechkeeten:

•Régime professionnel a folgende Beruffer:
-Mécanicien industriel et de maintenance (Industrie- und Wartungsmechaniker) / MM
-Mécanicien d’usinage (Zerspanungsmechaniker) / MF
-Constructeur métallique (Konstructionsmechaniker) / SC
-Electronicien en énergie (Energieelektroniker) / ET EE
-Menuisier ébéniste (Tischler) / EB.

Dës Ausbildung gëtt a gutt equipéierten Atelieren de Schüler d'Méiglechkeet, sech mat Hëllef vun erfuerene Pädagogen, an der Benotzung vu modernste Maschinnen op hire zukünftege Beruff ze preparéieren.

•Formation de Technicien

Do kënnen d’Schüler hier Ausbildung als

- Electronicien en énergie (Energieelektroniker) / ET oder
- Mécanique générale (Mechaniker) MG ufänken.

an am

•Régime Technique

fänkt et mat der 10ème an 11ème TG (Technique Générale) un anda geet et am Cycle suérieur mat der 12ème an 13ème GI (Technique Générale – section informatique) weider bis zum Ofschloss.


D'Eltere konnten sech och beim Schoulpersonal iwwer dee besonneschen Encadrement, d'“Cours d'Appui“, d'“EtudesSurveillées“ an déi variéiert nieweschoulesch Aktivitéite renseignéieren.

An enger flotter Ambiance konnt jiddereen en Abléck an d’Liewen an an d'Virdeeler vun dëser gratisser aussergewéinlecher Schoul kréien.

Vir déi, déi dës Geleeënheet verpasst hunn, déi 2. Porte Ouverte ass de 04. Juni vun 9 bis 17 Auer.