Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Generalversammlung vun der Amicale vun de fréiere Schüler aus dem LTPEM

En Donneschdeg den 20. Januar huet d’Amicale aus dem LTPEM seng Generalversammlung am Restaurant vun der Schoul ofgehalen. No der Begréissung vun de Memberen, vum Direkter Théo Thill, vum Éierendirekter René Tissier,vun de Vertrieder Loups Blancs, Comité Culturel an Elterevereenegung, duerch de President Fons Bressanutti gouf mat enger Gedenkminutt un den am leschte Joer verstuerwenen Direkter aus dem LTPEM Armand Lengler esou wéi un all verstuerwe Member geduecht.

Duerno sinn Rapporten vun der Sekretärin Laurence Seyler a vum Caissier Néckel Laux virgedroe ginn. D’Versammlung huet déi 2 Rapporten ugeholl.

Bei de Wale fir de Comité goufe folgend austriedend Memberen erëm gewielt: Ralph Kugener, Jeannot Kolber, Nicolas Laux, Jim Unsen a Fons Bressanutti. Ausserdem goufen de Siggy Kirsch a Luc Ley definitiv als nei Membere an de Comité opgeholl.

Den Direkter Théo Thill ass an senger Interventioun besonnesch op 100 Joer Festivitéite vum LTPEM, déi an de Joeren 2013 an 2014 gefeiert ginn, agaang. Hien huet en Appel u fréier Schüler a Membere vum Personal gemaach, souwäit si nach Donnéeë vun der Schoul hunn oder Anekdote wëssen, dës dem Organistioun Comité rsp der Amicale matzedeelen.

Nom Schlusswuert vum President, gouf Versammlung mat engem gemittlechen Iessen ofgeschloss.