Sonndes, den 21. August war déi 2. Editioun vum "LOF Oldtimer Breakfast" bei 'Oldtimerbus Georges Carbon' zu Dummeldéng.
Hei hunn sech tëscht 9 an 12 Auer iwer 150 historesch Gefierer zesummefonnt. Bei Kaffi a Croissant hunn sech vill flott Gespréicher a Kontakter erginn.
E grousse Merci dem Georges Carbon an senger Equipe fir den super Accueil an hier vill Aarbecht !
Déi nächst Datumen fir den LOF Oldtimer Breakfast 2016:
18/09 vun 9 - 12 Auer bei APL, Cessange
16/10 vun 9 - 12 Auer bei Maison de Coiffure et de Beauté ByTun, 109 rue de l'Alzette, Esch/Alzette
Wëllkomm sinn all historesch Gefierer: Autoen, Moto, Camion, Bus, Trakter, Militärgefierer.... op Member vun der LOF oder net.
Méi Info op www.lof.lu oder op der Facebook-Säit 'LOF - Lëtzebuerger Oldtimer Federatioun'
Fotoen: LOF