Wählen Sie Ihre Nachrichten​

LYCEE PRIVE EMILE METZ - PORTE OUVERTE

23
Mär
2019
23 Mär

SAMSCHDES, DEN 23. MÄERZ 2019 vun 13h00 bis 17h00 Äert Kand geet an den Secondaire Général...

De Lycée Emile Metz ka mat Houfert op eng 100-järeg Traditioun zeréckkucken. Gläichzäiteg sinn seng modern Ariichtungen a säin Knowhow ganz op d’Zukunft geriet.


Den LTEM bitt am

Enseignement Général:


d’Voie d’Orientation – classes inférieures :


- 7eG - 7e d’observation

- 6eG – 6e d’orientation

- 5eG – 5e de détermination

- Hei ass d‘7e P-G eng Exklusivitéit vum LPEM !

D‘Kanner, déi nom Fondamental op eng 7eG wollten, an awer an d‘Voie de Préparation (7eP) orientéiert gi sinn, hunn hei d’Méiglechkeet, dank engem spezifeschen Encadrement mat engem ugepasste Stonneplang an Cours d’Appuien an allen Haaptfächer, hire Retard opzeschaffen. De motivéierten a fläissege Schüler huet an dem Projet Pilote all Viraussetzungen fir duerno op enger 6eG weiderzefueren.


No der 5ème :


Classes supérieures :


- GIG an GIN(4GIG, 3GIG, 2GIN an 1GIN)

De « Régime Technique », dee bei Réussite vun der 1ère GIN (section informatique) mam «Diplôme de fin d’études secondaires générales » ofschléisst


- d‘«Formation de Technicien» (DT):

4TP an der 3TP (Elektronik, Mechanik a Smart Technologies)

engleschsproochege Klasse mat Informatik, Elektro a Mechanik


- d‘«Formation Professionnelle»(DAP)

vun der DP1 bis d'DP3 a folgende Beruffer:

- électronicien en énergie (Energieelektroniker)
- menuisier-ébéniste (Bau-und Möbelschreiner)
- constructeur métallique (Konstruktionsmechaniker)
- mécanicien industriel et de maintenance (Industrie-und Wartungsmechaniker)
- mécanicien d'usinage (Zerspanungsmechaniker)

- AML


Den LPEM ass déi eenzeg Schoul am Land, déi d'Ausbildung vum « Mécanicien d'Avion » (Flugzeugmechaniker) mat international unerkanntem Diplom ubitt.


Wat ass am LPEM sou besonnesch?


En optimaalt Aarbechtsklima, eng sympathesch Ambiance déi begënschtegt gëtt duerch den iwwersiichtleche Kader (+/-550 Schüler).


Enseignanten déi och ausserhalb vun de Schoulstonnen am Lycée errechbar sinn.

Um schoulesche Plang, eng Betreiung déi duerch e besonneschen Encadrement , Etudes Surveillées, Cours d’Appui pro Klass a pro Fach.


De Kontakt zwëschen Elterenhaus an Enseignanten ass eng Traditioun déi besonnesch gefleegt gëtt.


Ausserdeem gëtt kee Schoulgeld verlaangt!


Am Beräich Niewenaktivitéiten, hunn d’Schüler vill Choix:

Technik an Informatik:


Makerspace ModellbauElektronikworkshop

Sport:


FussballBadmintonVolleyballBasketballFitness ....

Gesellschaft a Kultur:


d’Scoutstrupp « Les Loups Blancs »eng eege Musik: d' « Metzeband »eng Theatergruppe Schachclub

Aschreiwe kann een sech op der Porte Ouverte oder vu Méindes bis Freides am Sekretariat oder um www.lpem.lu