Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Wanderen fir de Gudden Zweck

WANDERE FIR E GUDDEN ZWECK 2018
D‘Jugendhaus Déifferdeng huet mat engem Grupp Jonker e Wanderprojet fir en gudden Zweck op d'Been gestallt, et geet drëms 100km a 4 Deeg ze packen, also vu Wäisswampech erof op Déifferdeng.
De Projet u sech besteet aus e puer Etappen:
- reegelméisseg Traininge fir a Form ze kommen (Februar bis Mäi 2018)
- Werbeaktiounen, a Spendenopriff( Abrëll a Mäi)
- an der Wanderwoch vu Wäisswampech bis op Déifferdeng a 4 Deeg (100km) an der Päischtvakanz vum 22. Bis den 25. Mäi 2018

Den ongeféiere Planning gesäit ongeféier esou aus:
*Trainingen:*
Samschdes de 17.02.18 Trekking « Déifferdeng-Esch-Déifferdeng » (LU)
Samschdes de 17.03.18 ​ Trekking « Terre rouges » Schifflange (LU)
Samschdes den 31.03.18 Trekking « Mëllerdall » Berdorf (LU)
Donneschdes de 05.04.18 ​ Trekking « Kautebaach » (LU)
Mëttwochs den 11.04.18 Trekking « Saarschleife » Mettlach (DE)
Samschden den 28.04.18 Trekking « Teufelsschlucht » Irrel (DE)
Samschden den 12.05.18 Trekking « Burg Eltz » Wierschem (DE)

*Aktioune fir Reklamm ze maache wärend dem Mount Abrëll a Mee 2018*
Freides den 13.04.18 Flyer maachen
Freides den 13.4.18 Rdv, Presentatioun vun den Associatiounen a Filmdréi fir eisen Trailer
De Weekend vum 5. a 6.ten Mäi sinn mir um Béierfest zu Déifferdeng, an den 19. Mäi um Multi-Kulti zu Déifferdeng fir den Projet virzestellen an och Spenden entgéint ze huelen.

Eise Projet ka mat verfollegt ginn op der Facebooksäit "Wandere fir e gudden Zweck 2018" do luede mir reegelméisseg Videoen, Fotoen an Neiegkeeten erop wou mir mam Projet stinn, sou dass dir alles dozou matkritt. Mir freeën eis natierlech iwwer all "Like" an Deele vun der Säit an de Beiträg.

Jidderee kann eis a soumat och d'Associatiounen ënnerstëtzen andeems en eis en Don op folgend Kontosnummer mécht: LU78 0019 6812 6251 9000 mat der Mentioun : "Wandere fir e gudden Zweck 2018"

Déi Suen déi vun de Léit gespent gi, ginn integral bei folgend
Associatioune weidergeleet : “Kannerwonsch asbl; Wonschkutsch asbl an Amiavy asbl”

Wann dir nach weider Informatiounen oder Detailer vum Projet wëllt da mëllt iech bei eis am Jugendhaus zu Déifferdeng per E-mail: info@judiff.lu oder per Telefon : 26 58 06 29.
Jugendtreff Déifferdang asbl ​Tel: 26 58 06 29 ​Service agréé par le MENJE
5, rue Roosevelt ​Fax: 26 58 09 93​N° d’agrément
L-4662 Differdange​info@judiff.lu​JE RNAI 201603/26