Wählen Sie Ihre Nachrichten​

POMPJEESVETERANEN ON TOUR AM MINETTE

Den 19. Mee 2016 war déi flott an agréabel d’Journée vun de Pompjeesveteranen an der Regioun Süden, dëst an Zesummenaarbecht mat dem Regionalverband ënnert der Leedung vum Gust Loeven, dem Déifferdenger Pompjeeskommandant Raymond Moos mat senge Leit a dem Comité vun de Pompjeesveteranen. An der “Hall de la Chiers” hunn si sech getraff fir de Café-Croissant, offréiert vun de Déifferdenger Pompjeeën am Rahmen vu hirer 125 Joer-Feier.
D’Veteranen si perséinlech duerch de Pompjeeskommandant Raymond Moos empfaang ginn. Et war him eng grouss Freed, hinnen matzedeelen, dass Déifferdenger Pompjeeën 125 Joer a Jugendpompjeeën 26 Joer feieren.
Géint 10.30 Auer huet de President Néckel Strotz d’Generalversammlung opgemaach a folgend Éieregäscht begréißt:
De Déifferdenger Buergermeeschter Roberto Traversini, de Verbandspresident Marc Mamer, de Regionalpresident Gust Loeven, de Regionalvizepresident Jerry Heinen, de President vun der Jugendkommissioun Jean Muller a de Fotograf Raymond Brausch Member vum Redaktiounscomité. Entschëllegt haten sech verschidden Éiregäscht wéinst der Vakanz. Besonnesch sinn eis Veteranen mat hiren Dammen häerzlech Wëllkomm op eiser Journée geheescht ginn. E grousse Merci ass an Richtung Déifferdenger Pompjeeën fir den gudden Empfank am Minette gaangen an och fir Stad Déifferdeng fir hiert Entgéintkommen bei dëser Manifestatioun.
E Merci war fir de Sekretär Nico Grisius fir d‘Koordinatioun vun dësem Dag.
De President huet e Réckbléck op dat lescht Joer gemaach a lueft de Verbandspräsident Marc Mamer a seng Équipe fir hiren Asaz a Saachen Reform. Et sief nach mol dorun erënnert das de Pompjee vu der Basis och soll mat Rieden. Et muss een och si seriéis huelen a nolauschteren. D’Amicale muss sech Iwwerleeungen maachen wei een d’Veteranen vun der Protectioun civile a déi vun den Beruffspompjeeën kann ophuelen, well och si musse modern ginn. Duerno huet de President e puer Éierungen virgeholl.
An senger Begréissung huet de dynameschen Buergermeeschter Roberto Traversini drop hi gewisen, dass de Rettungsdéngscht vun der Stad Déifferdeng 125 Joer feiert an eng héich Bedeitung an der Gemeng huet. Hien weist drop hin, dass Reformen wichteg sinn an Gemengen Déifferdeng a Suessem zesummen eng Pompjeeskasär bauen. Et gouf vill Gestridden mä déi 2 Korps’en ënnerstëtzen dësen Akt ouni politeschen Drock, wat déi Virbildlech gemeinsam Permanence weist. Och de Buergermeeschter seet dat een mat de Benevolen muss schaffen a si net dierf dirigéieren. Si dierfen net op der Stréck bleiwen. Hien steet allefalls hannert sengen Pompjeeën.
Fir de Verbandspresident Marc Mamer war et eng grouss Freed un der Journée deel ze huelen. D’Reform verlaangt vill vun der Federatioun, mä si wäerten matschaffen am Numm vum Lëtzebuerger Rettungsdéngscht. D’Federatioun wäert Messagen ginn a hiren Roll spillen a zitt wann et dës verlaangt Noutbrems. Och war et de Message, dass Jugendpompjeeën ee Deel vun der Federatioun ass a bleift.
Nom Éierewäin gouf Mëttegiessen am de Restaurant „Threeland“ zou sech geholl.
Mat de Bussen sinn Veteranen dunn op Péitenger Gare gefuer, wou si dunn 2 Stonnen mam Train 1900 ënnerwee waren, d.h. mat Damp an den Fond de Gras a zeréck. Dëst huet de Veteranen bei sonnegen Wieder vill Spaass gemaach.
Géint 18:30 Auer hu si sech an der "Beierhaascht" fir dat traditionellt Nuechtiessen afonnt. Bei gudder Stëmmung ass dëse flotten Dag eriwwer gaang mam Verspriechen sech nächst Joer am Mai an der Regioun Osten erëm ze gesinn.