Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Op eemol ass alles anescht ...

Wéi dacks hu mir dee Saz dëst Joer an der Oktav héieren a gelies. Dëse Saz gëllt och fir d’Poar St François d’Assise Déifferdeng, déi hire laangjärege Paschtouer Denis Wellisch dëse Summer mat schwéierem Häerze muss goe loossen. No eelef Joer am Déngscht vun eiser Poar krut hien en neit Wierkungsfeld uvertraut.

An enger feierlecher Danksagungsmass huet déi ganz Poar hirem Curé-modérateur den 11. Juli 2021 an der Poarkierch zu Uewerkuer Äddi gesot. Dem Denis säi fréiere Kaploun zu Déifferdeng, den aktuelle Curé-modérateur vun Esch Ricardo Monteiro, huet et sech net huele gelooss dës Mass zesumme mat sengem Matbrudder ze feieren. An enger kuerzer Usprooch huet hien u seng éischt Zäit als Kaploun zu Déifferdeng erënnert a sengem fréieren Tuteur fir seng intensiv spirituell Begleedung Merci gesot.

Vertrieder vum Pastoralrot, der Kateches, der Chorale an der portugisescher Communautéit hunn am Numm vun eis alleguer hiren häerzleche Merci formuléiert fir déi sëllechen intensiv Momenter, déi den Denis mat senger Poar all déi Joeren iwwer erlieft a gelieft huet. An engem ausféierlechen Historique goufen déi wichtegst Evenementer a Situatiounen aus de leschten eelef Joer Poar Déifferdeng opliewe gelooss. All dës Momenter hunn Héichten an Déifte kannt, si waren ower ëmmer gezeechent vun de fundamentale chrëschtlechen Dugenden Glawen, Hoffnung a Léift.

Wéi e roude Fuedem hunn d’Riedner der Rei no festgestallt, datt eis Poar e Paschtouer verléiert, deen et verstanen huet, mat diplomateschem Geschéck a mat Respekt fir säi Vis-à-Vis Problemer unzegoen an och ze léisen. Mat senger positiver Astellung huet den Denis et verstan, Konflikter ze vermeiden an de Konsens ze sichen. En etlech Mol huet hien et fäerdeg bruecht, an der Diskussioun an am Dialog Léisungen ze fannen, nach iert e Problem iwwerhaapt entstoe konnt.

Eng déif a grondéierlech Léift fir seng Matmënschen zeechnen den Denis aus. Jidferengem begéint hie mat Versteesdemech a mat Gefill. Muenchereen aus der Poar huet an dësem Gottesdéngscht net nëmme sengem vertraute Paschtouer Äddi gesot, mee och engem wierklech gudde Frënd. Mat senger frëndlecher an oppener Aart ass den Denis fir vill vun eis zu engem echte Frënd ginn.

Och d’Gemeng Déifferdeng huet drop gehalen, hirem Paschtouer Äddi ze soen. Op enger sympathescher Réceptioun no der Mass, musikalesch encadréiert vun der Harmonie Municipale, hunn d’Madame Buergermeeschtesch an d’Vertrieder vum Gemengerot de konstruktive Geescht vum Denis ënnerstrach. E besonnesche Merci hu si him gesot fir seng Dialogbereetschaft a seng diplomatesch Approche.

Photo-Sud vun Déifferdeng huet et sech net huele gelooss, all d’Feierlechkeeten am Bild festzehalen.

Mir wënschen eisem léiwe Frënd, geeschtleche Begleeder, Hiert a Paschtouer Denis Wellisch all Guddes a Gottes Segen fir déi nei Etape a sengem pastorale Liewen, vill Freed um neien Terrain an e laangen Otem fir all déi Erausfuerderungen, déi geschwënn op hien duerkommen. Seng positiv Liewensastellung a seng waarmhäerzeg Mënschlechkeet dierften e Garant dofir sinn.

Guy Berg

Foto: Photo-Sud, Differdange