Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Groussen Ouschterfloumaart zu Uewerkuer am Sportkomplex

22
Apr
2019
22 Apr

Op Ouschterméindeg den 22. Abrëll 2019 ass schonn den 3. Floumaart Rendezvous vum Joer an der Gemeng Déifferdeng, dat an der Uewerkuerer Sportshal . Tëschent 8 Auer an 18 Auer wäerten nees eng Partie Raritéiten de Proprietär wiesselen. No méi wéi 20 Joer ass dëst dann och dee leschte Floumaart an der Sportshal zu Uewerkuer, nodeems dass di nei Polyvalent Hal wäert fir den Hierscht 2019 fäerdeg sinn ass dann den traditionelle Maart op Stiefesdag an der neier Hal programméiert. Fir dëse leschte Maart hunn 120 Aussteller hir Participatioun zougesot. Nieft de Stänn an der grousser Hal sinn och nees bei dëser Veranstaltung Stänn am Foyer an um Parvis baussen. Den Entrée ass wéi ëmmer bei dëse Mäert fräi, a fir Iessen a Gedrénks ass beschtens gesuergt. Wéi och schonns an de vergaangene 20 Joer organiséiert och dëst Joer nees Hobbydiff94 de Supporterclub vum HB Red Boys Déifferdeng des Mäert. Nom Floumaart op Ouschterméindeg zu Uewerkuer am Sportkomplex, fänkt dann d'Outdoor-Saison am Déifferdenger Zentrum, Mëttwochs den 1.Mee 2019 un. Weider Datumer am Zentrum si Sonndeg den 09.Juni , Sonndes de 14.Juli , Sonndes den 11. August, Sonndes den 08.September an als leschte Rendezvous fir 2019 am Fräie gouf de Sonndeg 13.Oktober festgehalen . Weider Informatiounen a Reservatioune fir d'Outdoor Mäert am Zentrum ginn ënnert folgender Nummer +352 661 963 417 oder Mailadress hobbydiff@handballredboys.lu entgéint geholl.