Wählen Sie Ihre Nachrichten​

"Luxembourg Classic-Rallye" zu Dikrech bei der Aler Seeërei

Eng 120 Oldtimer hunn sëch bei Geleeënheet vun der 2.Editioun vum "Luxembourg Classic-Rallye" géint Mëtteg bei der Aler Seeërei zu Dikrech afond, fir vun do a Richtung Buurschend weiderzefueren. Hei waren Marken wéi Alfa Romeo, Rolls Royce, Jaguar, Porsche, Mercedes, Ferrari, Bentley, Citroën, Ford.... vertrueden. Géint 13:15 Auer gong ët weider a Richtung Bleesbréck. Vill Virwëtzeger haten sëch afond a vill Fotoë goufe gemaacht.