Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Déieregeschichten an der Maison de la Culture

06
Nov
2021
06 Nov 07 Nov 09 Nov 10 Nov 11 Nov 12 Nov 13 Nov 14 Nov 16 Nov 17 Nov 18 Nov 19 Nov 20 Nov 21 Nov 23 Nov 24 Nov 25 Nov 26 Nov 27 Nov 28 Nov


Dikrech: Gläich dräi Kënschtler stellen zur Zäit hir Wierker mam Thema „ Déieregeschichten“ an der maison de la Culture zu Dikrech, aus. Ënnert den Exponenten zielen: Astrid Breuer, dat sengt Können mat phantasievollen a farwegen Déier- Skulpturen an der Keramik, zum Ausdrock brëngt. Den Christophe Poissonnier weist seng Biller an Zeechnungen op eng ganz flott Art a Weis mam Zitat „ quand on observe les animaux, on s’aperçoit qu’ils nous ressemblent beaucoup ou le contraire!!". Dem Armand Weber säin Hobby ass d‘ Realisatioun vun schéinen Skulpturen aus echtem Éislécker Eechenholz. Di ganz sehenswert Ausstellung an der Maison de la Culture, op Nummer 13, rue du Curé zu Dikrech an Zesummenarbecht mam Schäffen- a Gemengerot Dikrech, ass op vum 6. bis zum 28. November 2021 an dat all Dag , ausser Méindes, vun 10.00 bis 18.00 Auer. Den Entrée ass fräi. Samsdes, den 6. a sonndes, den 7. November Nomëttes vun 14.00 Auer un, sin d’Artisten och präsent. (CR) Fotoen: Charel Reiser)