Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Chantons Noël à travers le temps

03
Dez
03 Dez

Samsdeg, 3. Dezember 20.30 Auer – Eglise Paroissiale St. Laurent Diekirch

Samsdeg, 10 Dezember 20.30 Auer – Josephskierch Lampertsbierg


Chantons Noël à travers le temps


Chorale Municipale Saengerbond Diekirch

Ensemble Vocal Eurocantica

Orchestre de chambre Estro Armoncio

Andy Loor, Direktioun


D’Iddi fir dëse wonnerbare Chrëschtconcert ass aus enger laanger Frëndschaft entstane. Net nëmmen den Dirigent Andy Loor, deen di 2 Chéier dirigéiert, verbënnt des Ensembelen, mee och d’Musek an de Gesang. 3 Concerten konnte schonns mateneen opgefouert gi: 2016 de „Geiger von Echternach“, 2019 de „Gospel Concert“ an am Januar 2022 „A Mass of Peace – The Armed Man“. Dëse Wanter fannen di 2 Ensembele rëm beieneen, fir de Public mat op eng Chrëschtrees duerch d’Zäit ze huelen an op d’Chrëschtdag anzestëmmen.


Um Programm stin niewent traditionelle Chrëschtlidder, och méi usprochsvoll Wierker.

Aus dem J.S. Bach sengem Weihnachtsoratorium präsentiéieren d’Ensembelen direkt 2 Stécker. De „Jauchzet, frohlocket, auf, preiset die Tage“, iwwerzeegt mat sengen triumphéierenden Chouerkoloraturen a bréngt d’Freed op Chrëschtdag. De Choral Nr 23, „Brich an o schönes Morgenlicht“, beséngt d’Moiësliicht, dat op Chrëschtdag iwwert Betlehem erstraalt.


Den Engel erschéngt eis dann mat Pauken an Trompetten am G. A. Homilius sengem Wierk „Die Freude der Hirten über die Geburt Jesu“.

Den Estro Armonico interpretéiert dem Komponist a Geigevirtuos A. Corelli säi Concerto grosso op.6 Nr.8, "fatto per la notte di Natale". Mat sengen klore Melodien an dem chrëschtdaglësche Pastorale-Schlusssaz, ass et bis haut dat wuel beléiftste Weihnachtskonzert.


Ee ganze besonnesche musikalesche Bijou sinn d’Stécker „A Christmas lullaby“ an „For the beauty of the earth“ vum J. Rutter, déi net nëmmen zur Chrëschtzäit d’Häerzer vun de Leit verzauberen.


Gekréint gëtt den Owend dann vum G.F. Haendel sengem legendären „Halleluja“, dat zu de bekanntesten musikalesche Wierken iwwerhaapt zielt.

Den Dikrecher Sängerbond sengt zesumme mam Ensemble Vocal Eurocantica, begleed vum Estro Armonico, daat Ganzt ënnert der Leedung vum Andy Loor.


Den Entrée fir de Concert den 3.12 zu Dikrech ass 20€ / 10€ <25 Joer / gratis < 12 Joer. D’Ticketen gin et an der Oweskeess, et si keng nummeréiert Plazen. No dem Concert den 10.12 um Lampertsbierg gëtt eng Quête gemaach.