Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Rallye de la Semois Schlechte Pneuechoix kascht C. Feltus besser Platzéierung

Beim Rallye de la Semois kommen de Claude Feltus/Joé Mersch um Peugeot 306 op Plaz 22 an der Div123. Den Duo David Simon/Pol Michels kënnt op Plaz 28.

Nodeems beim Rallye de la Famenne dem Claude Feltus nach de Cardan um 306 ewech gefuer ass, konnt hie beim Rallye de la Semois awer de komplette Rallye duerchfueren. No den zwou éischte Speciale war d'Welt nach an der Rei, an den Duo Feltus/Mersch war ganz vir am General vun der Div123 mat dobäi. Dunn hu se awer de falsche Pneuechoix getraff an d'Reepneuen erof geholl... Et hat awer nees ugefaange mat reenen, an direkt op der nächster Special hunn de Claude Feltus an de Joé Mersch sech zwee mol bannent kuerzer Zäit op der Streck gedréint an hunn iwwert 1 Minutt verluer.

Vun deem Ament u si se just nach op Sécherheet gefuer.

Well déi Boucle duerno déi Special wou se sech gedréint haten annuléiert gouf, krute si eng neutraliséiert Zäit, déi sech un hirer éischter Zäit orientéiert huet. Well déi schlecht war, krute se dunn nees eng schlecht Zäit a si si weider am General no hanne gerutscht.

Um Enn ass et déi 22. Plaz an der Div123 an déi 36. am General.


Desweidere war nach den David Simon bei dësem Rallye um Depart. Hie war net wéi an der Zäit um Peugeot 106 hei am Asaz, mä um Peugeot 206 dee mer nach vum Sam Weimerskirch kennen. Um Co-Pilote-Sëtz souz de Pol Michels. Si hate vun Ufank u mat Bremsdrockproblemer ze kämpfen, wouduerch se och eng Sortie haten op der 1. Special. Duerno hu se ëmmer nees virun all Kéier e puer mol mussen d'Bremspedal pompele fir genuch Bremsdrock opzebauen, wouduerch natierlech en attackéieren net méiglech war. Um Enn komme se awer ouni weider Sortien duerch dëse Rallye a klasséiere sech op der 28. Plaz an der Div123 (normal Stroossepneuen) an op Plaz 43 am General.

Source rtl.lu/AndyBrücker

Source pics @LorickJacquemin