Wählen Sie Ihre Nachrichten​

WIEN ASS DE MAX?

Mai Numm ass Carine, sin am Comité vum AVR, sekretärin bei dën "Amis de la Cerisaie" an Sängerin bei "Flatbush" fier nëmme puer Saachen ze nennen. Wann ech mech fir eppes asetzen ass ët mat Haerz a Séil. Esou och mat der Sëcherheet op eisen Stroossen.

Zanter letzten Donnechden leeft déi nei Campagne vum MDDI an Zesummenarbecht mat der Securité Routière an dem AVR.

D'Halleft Land huet an engen vun den Zeitungen oder ob der Tele den Artikel gesin an meng Geschicht ass mëttlerweil bekannt!

Mee, ech war nët aleng an der Campagne!!

Do ass e jonken Haer deen och matgemaacht huet an deen a kenger Zeitung stong!

Dier hut en awer bestëmmt schon op d'Plakater gesin.


De Max Jaeger.


De Max wunnt am naemlechte Foyer ewei ech. Och hien ass schwéier vum Schicksal getraff gin. Hien ass super fein, e léiwe Jong, ëmmer Hellefsbereed an net op de Mond gefall.

Mat knapps 22 joër war de Max "IN". Mechatroniker bei der CFL, mat der Frëndin gewunnt, den Ufank vun engem erfollegraicht Liewen? Leider nët...

Ewei vill Jugendlecher a jonk Erwuessener huet och de Max gemengt him géif nie eppes geschéien. Fan vun Autoën a Vitesse, ass e mat sengem Auto a mam Moto gäre mol ze séier gefuer. Leider och munchmol ënner Alkohol afloss.

Virun déck 2 joër ass en mam Moto ënnerwee gewiecht, staark alkoholiseiert, vill ze schnell. En ass gerutscht an an e Poteau gerannt. Dorobshin lung en 8 Wochen am Coma. Dun war hien "OUT"


Hei sain Temoignage:

------------------------------------------------------------------------ 

Ech sinn den Max Jaeger. Den 3 Abrëll  2016 hat ech e schlëmmt Motorradsaccident. Deen Owend sinn ech alkoholiséiert gefuer, wouduerch ech mam Moto ausgerutscht sinn a géint e Potto geschleidert gouf. Ech louch fir ongeféier 2 Méint am Koma. Dono huet d’Rééducationsphase ugefaange, déi ee gutt Joer gedauert huet. 

Verletzungen hunn ech der vill erlidden, déi een haut awer net méi op den éischten Bléck gesäit.  Meng 2 Äerm sou wei meng 2 Been waren komplett gebrach. Méi rietst Been deet mir heiansdo nach ëmmer wéi. Meng Schlësselbeen waren och gebrach. Doduerch, dass ech en Helm unhat, ass mäi Genéck net gebrach. Mee den Opprall war einfach ze grouss, an doduerch hunn ech e schwéieren Schädel-Hirn-Trauma erlidden. Vun baussen gesäit een mir déi Verletzungen gur net un, esou dat ech et haut selwer nach schwéier hunn ze verstoen, wat mat mir geschitt ass. 

Virum Accident hunn ech als Mechatroniker beim CFL geschafft an hat meng eegen Wunneng. Elo wunnen ech an engem Heem fir Léit mat physeschem Handicap. Meng fréier Aarbecht kann ech haut net méi maachen, dofir ginn ech säit dem September an d'Formatioun vum Kräizbierg an et gefällt mir. 

Wouriwwer ech mech immens freeën, ass, dat meng Kollegen vun fréier mech haut nach heiansdo besichen kommen. Dat ass mir ganz wichteg. 

Ech wëll de Leit dobaussen soen, dat si keen Alkohol drénken sollen, wann si fueren. Ech kennen d’Konsequenzen aus eegener Erfahrung. Ech hunn draus geleiert, a géing net méi voll fueren.  

D’Formatioun gefält mir, mee et ass net méi dat selwecht wei fréier wou ech meng 13ième gemaach hunn. 

Dofir ass méi Message un d’Leit, déi mengen, si missten sech net un d’Vitesslimitatiounen halen: Maach mol lues, du bass net op der Flucht! Wat huet een dann dovun esou ze rennen? 

----------------------------------------------------------------------------

(Sait dësem September léiert de Max Serigraphie um Kraizbierg)


Max, e grousse merci fier dain Asaz an dai Courage! Du hues dat Super gemeet! Sin stolz ob dech!