Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Fête de la Musique & Schampesfest 2018 Dalheim

16
Jun
2018
16 Jun

Fête de la Musique a Schampesfest zu Fëlschdref

de 16.+17. Juni op der Plaz beim Wäschbuer

Och 2018 steet d’Schampesfest vun der Fanfare Gemeng Duelem ganz am Zeechen vun der Fête de la Musique. De 16. Juni wéi och de 17. Juni gët den interesséierte Leit en immens ofwiesslungsräich a musilkalesche Programm offeréiert. Op der „Plaz beim Wäschbuer“ zu Fëlschdref trieden samschdes owes dräi Gruppen op a Sonndes während dem ganzen Dag sin nët manner ewéi 7 verschidden musikalesch Gruppéierungen op der Fête de la Musique zu Fëlschdref vertrueden.

Méi Programmvariatioun wéi den 16. Juni as wuel nët méiglech. Den Owend fänkt un um 19.00 Auer mat „Fiesta y flamenco José Reyes“. Dem José Reyes seng Wurzelen leien bei der berühmter Musikerfamill Reyes. Déi vill Gesank- a Musekstiler vum Flamenco verbënnt de José Reyes mat modern Elementer an ët entsteet e Rumba Gipsy Flamenca, Flamenco-Jazz an Flamenco-Pop. Um 21.00 Auer iwwerhëllt dann de Finalist vun „The Voice of Poland 2014“. De Chris Kinsky, Vokalist, Multi-Instrumentalist, Leader a Frontman vun der Rock’Roll Band „The Stray“ trëtt dësen Owend als Solist op a wärt mat sengem Repertoir vu klasseschem Rock iwwerzeechen. Den Ofschloss vum Owend mecht um 23.00 Auer de Mambo Schinki mat senger Yamaha D-85, der gréisster Heemuergel. Hits vu fréier wéi och déi aktuell Charts sin op der Uergel ze héieren un invitéieren op e lëschtegen Danz. Mambo Schinki, bekannt duerch de Ben’s Club um lëtzebuergeschen RTL.

Sonndes fänkt de musikaleschen Deel um 11 Auer 45 un mam Ensembel „Musel Bäkesch Dosend“ a fënnt säin Enn um 19.15 Auer mat der Strëpp „Piazza Band“. Derzwëschent as den Optrëtt vum Quintette de cuivres „Tralythemavi“, dem Ensembel „Luxembourg Tuba Consortium“, de Museken vun Walfer, Käerjeng an Nidderdonwen.

Fir Kanneranimatioun as och Beschtens gesuergt mat engem Sprang-Bus a Gesiichtsmolerei. Vun 13.00 bis 17.00 Auer gët Kleng a Grouss an en fantastëscht Universum vum Jonn Happi entféiert. De Jonn Happi, de „gréisste“ Magier vun der Welt, as um Site ënnerwee a begeeschtert mat Magie, Manipulatioun a villes méi…

Weiderhin gin d’WM-Matcher live iwwerdroen an natiirlech live sur place op der Kréizung zu Fëlschdref kënnt Dir den Support sin vum IRONMAN „Luxembourg Region Moselle“.

Um Schampesfest vun der Duelemer Musek gët Beschtens gesuergt fir den Duuscht an Honger ze stëllen, sief daat mat enger gudder Coupe, engem killen Hiimpchen, wiirzeg Pouletsfliichten an säfteg Scampis. De 16. a 17. Juni nët verpassen, d’Schampesfest a Fête de la Musique vun der Fanfare Gemeng Duelem zu Fëlschdref.