Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Concert am Cipa "Elisabeh am Park"

D’Sängerinnen an d’Sänger aus dem Becheler vu Bereldeng waren ageluede ginn fir ee klenge Concert ze sangen zu dem Vernissage vun der Biller-Ausstellung vum Josée Kandel-Kass, Aquarelle, an dem Léon Schweitzer , Akrilik. De Gesank, ënner der Leedung vum Jean Kandel an um Piano begleed vum Michel Winter hat Lëtzebbuerger Lidder um Programm an esou woar et net ee Concert ma éischter een „Zesumme sangen“. Bei „Dicksiana“, „Téiwesbuer“, „Kättche, Kättchen“ oder „Ech drénke gäer mäi Pättchen“ an anerer waren all Bewunner an hir Famill a Frënn hell begeeschtert an hunn häerzhaft gelaacht iwwer d’Witzen vum Jean Kandel. Och manner bekannt Lidder, wéi „ de Wäimarsch“, „Am Himmel soll et schéi sinn“ an „d’Becheler-Lidd“ si mat vill Applaus belueft ginn. Ee klengen „Tapéitewiessel“ fir d’Aen an d’Oueren huet de Bewunner vun „Elisabeth am Park“ gutt gedon, a bei engem gudde Pättchen hu mir nach eng Weilchen zesumme gesiess a gepotert !

De Becheler Chouer séngt dësen 4 Mee d'Oktave mass mat den Häerzoperéierten an der Cripta um 11 Auer, do ass jidderee Wëllkomm a kann do och mat sangen .