Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Einfach mol néiergeschriwwen. (wann en net schlofe kann)

Ech well awer elo eisem nationalen „Sproochmates“ keng Konkurrenz maachen. Dat kann an wärt an Zukunft och keen fäerdegbréngen. Dofir ass hien ze gutt. Leider geet et mir, wei villen vun eis. Ech hunn eis Sproch ni schreiwe geleiert. Dat hunn ech mer selwer misse bäibréngen. Dofir muss dier déi puer Feeler verzeien déi ech trotzdem nach ëmmer zesummenzwaffen. Ma, ech kann et net besser.
Dann loosse mer elo mol bëssen philosophéieren:

An menger Intro hunn ech elo schonn 2 Wieder, wou ech mer net sécher sinn se richteg geschriwwen ze hunn. Datt sinn „ fäerdegbréngen“ an „ zesummenzwaffen“.
„fäerdegbréngen“ schreift een wuel net an engem Wuert. Dat wier dann „fäerdeg bréngen“.
Bass de fäerdeg? Mat streiden? Kënne mer elo fueren? Mat de Nerven? Futti geschafft? „Fäerdeg“ huet also e ganze Koup Bedeitungen. Et sinn der och déi „fierdeg“ oder „feerdig“ soen. Deemno wou een opgewuess ass. „Ier s du fierdeg bass, sinn Schleeke, scho laang zu Metz“ sot en se fréier.
Oder wann et engem Finanziell schlecht gaangen ass: „elo si mer fäerdeg fir heeschen ze goen „
„dee Jong kënnt an e fäerdegt gemaachten Bett „ wann hien eng gutt Partie gemaach huet. „An domat fäerdeg“ , wann de Papp een Muecht-Wuert geschwat huet. An der Arméi huet den Zerjant d'Jonge fäerdeg gemaacht.

Dat zweet Wuert ass „ zesummenzwaffen“. Ech si mer net sécher dass et dat Wuert iwwerhaapt gëtt.
Zesummegoen, zesummekieren, zesummeklappen, zesummekréien, zesummelafen, zesummeleeën, zesummendroen, zesummeréckelen, an nach e ganze Koup aner ginn et sécher. Loosse mer mol zesummen op „zesummen“ verzichten an eis ganz op „zwaffen“ konzentréieren:

„Zwaffen“ ass méi einfach. „Wat hues du dann do gezwafft?“ oder „De Stull wou s'du drop setz hunn ech selwer gezwafft.“ En ass och deemno, well e wackelt. „Zwaffen“ heescht also ob nei Lëtzebuergesch: „Bricoléiert.“

Gutt! Nach ee läscht Wuert. Ma wat fir eent?
Dat éischt wat mer an d'Gräpp fält:

Wéi hu mer fréier gesongen wa mer Liichte gaange sinn? „..........e Grapp voll Nëss“ „Déi Arem halen ëmmer de Grapp op wann se heesche ginn.“ „Dann huel Been an de Grapp an Laf“, huet et geheescht wann mer dem Paschtouer seng Kiischte geklaut hunn an hien eis dobäi erwescht huet. „Hien huet et am Grapp.“ wann een sech sécher war. „Et kënnt ëm net ob e Grapp voll un“ wann een net zu deene knéckege gehéiert huet oder wann een et net esou genau geholl huet oder awer iwwerdriwwen huet mat dem, wat en u Geschichten erzielt an gutt iwwerdriwwen huet.

An dann soll mol nach een soen eis Sproch wier net interessant.
Gëschter huet mir nach een franséischen Historiker, den anscheinend Lëtzebuerger Nationalitéit ugefrot huet erklärt, dass dat Lëtzebuergescht jo guer keng Sproch wier. Hien huet sech dru gehalen an awer zou ginn dass en Problemer mam Sproochentest hätt. Hien huet dann och keen Wuert verstanen wei ech eis Sprooch verdeedegt hunn. An ech hunn et dunn och opginn. Wéi hätt ech him dat och op franséisch erkläre sollen wat ech elo grad hei néierschreiwen.

Ma egal, ech wëll jo och net Fransous ginn.
An der Hoffnung dass ech eppes „Fäerdeg“ bruecht hunn.

Bis eng aner Kéier.